E Coach fir een, dee Lëtzebuergesch léiert

Projet : E Coach fir een, dee Lëtzebuergesch léiert
 
 


Adresséiert sech u Leit, déi Lëtzebuergesch schwätzen, an déi bereet sinn an Zäit hunn, eng Persoun ze begleeden (1-2 Stonnen d’Woch), déi Lëtzebuergesch léiert. An de centre sociètaire gare 29 rue de strasbourg.

Wéi fonktionéiert dat praktesch ?
Kontaktpersoun ass den Enseignant, de JM NAU. D’Persoun déi Lëtzebuergesch schwätzt, trëfft sech mam Enseignant an dem Student nom Lëtzebuergeschcours. Si léiere sech kennen. Den Enseignant gëtt e puer praktesch Rotschléi a da gesinn de Student an de Coach sech regelméisseg ausserhalb vum Cours, fir dat wat am Cours geléiert gëtt, praktesch ëmzesetzen. De Coach kann och gär eng Kéier an de Cours kommen, fir ze gesinn, wéi d’Sprooch enseignéiert gëtt. 

Wat soll dobäi erauskommen
 ?
De Student kritt Kontakt mat enger Persoun déi Lëtzebuergesch schwätzt. Si léiere sech kennen an de Student kann dat wat e léiert, direkt uwenden. Frëndschaften a Bekanntschafte kënnen sou entstoen. Famillje léiere sech kennen. E klenge Bäitrag zur « Integratioun » gëtt sou geschaf.

Ofschloss vum Schouljoer
.
Eng kleng Feier, wou jiddereen agelueden ass fir gemittlech zesummenzesinn a mateneen e bësse méi op Lëtzebuergesch ze schwätzen.

Bemierkung :
An deene meeschte Klassen kennen d’Studente scho Leit, déi Lëtzebuergesch schwätzen. Fir si ass et eng Motivatioun fir aktiv eng Persoun ze sichen, déi « Coach » spillt. Et ginn awer och ëmmer e puer Leit, déi nach keen direkte Kontakt an der Noperschaft hunn mat Leit déi Lëtzebuergesch schwätzen. Fir déi Studenten soll dës Inititativ eng Hëllef sinn.

 
Kontakt faalasbl@gmail.com
           Tel ; 27 12 54 53
           Gsm : 621 224 648

                                                                                                         




Calendrier
« Février 2012 »
Lu Ma Me Je Ve Sa Di
12345
6789101112
13141516171819
20212223242526
272829
Galerie photos
Météo Paris, ÃŽle-de-France
mer. min. 2 ° max. 10 ° Partiellement ensoleillé
jeu. min. 8 ° max. 13 ° Risques de pluie
ven. min. 8 ° max. 13 ° Brouillard
Dons